Op der Schock a.s.b.l stellt an:
1 Educateur diplômé (/f/n), CDI 30—40 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg
Missioun:
- Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
- Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
- Mat der betreiter Persoun zesummen e „Projet de vie“ ausschaffen, dësen no enger Zäit kompetent evaluéiren a bei Bedarf nei formuléieren
- Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
- Gutt PC-Kenntnisser
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L—8501 Redange
Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren.
