1 Keramiker (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Keramikatelier zu Réiden

Op der Schock
Localité Redange
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Travail social

Retour

Op der Schock, société coopérative stellt an:

1 Keramiker (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Keramikatelier zu Réiden

Missioun:

  • Leedung vun engem Grupp vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Beräich vun der Keramik
    • Zesumme mat hinnen am Keramikatelier flott Géigestänn aus Leem hierstellen, déi duerno an eisem Buttik verkaft gi: z.b. Cache-pot’en, Dekoartikelen, Schosselen asw.
    • Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Aarbechten,
    • Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interesse vu Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung am Beräich Keramik an Dekoartikel
    • Förderung vun der alldeeglecher Selbstännegkeet an de Sozialkompetenzen
  • Iddien zu Produktiounen a Projet’en mat abréngen
  • Produktiounen un d’Kompetenzen vun de betreite Mataarbechter upassen
  • Berodung vu Client’en

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Keramiker mat excellenten Kentnisser an der Verarbeschtung vu Lehm (Ausbildung als Keramiker, Bachelor Werkstofftechnik Glas und Keramik, o.ä) an Loscht sech an d’Aarbescht mat Menschen mat intellektueller Beanträchtegung eranzeschaffen
  • Freed an Engagement an der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Eng respektvoll, léisungsorentéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
  • Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Kreativitéit
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Loscht sech an engem Team ze engagéiren

Konditiounen:

  • Salaire a Conditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Behënnerung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
  • Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach. Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 00352 26 62 18 81   E-mail: [email protected]

Retour

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact
Nathalie Jacques
Téléphone +352 26 62 18 81

Retour

Postuler en ligne

Veuillez calculer 8 plus 9.

Retour