Op der Schock, société coopérative stellt an:
1 Auxiliaire de vie (m/f/n), CDD 1 Joer, 40 St./Woch fir eisen Botz- an Streckatelier zu Réiden
Missioun:
- Leedung vun engem Grupp vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Beräich vum Botz- a Streckatelier:
- Zesumme mat hinnen Haushaltsaarbechten (Botzen, Wäsch maachen, strecken, etc..) duerchféieren
- Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Aarbechten,
- Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung am Beräich Wäschen an Strecken
- Förderung vun der alldeeglecher Selbständegkeet an de Sozialkompetenzen
- Organisatioun a Suivi vun den Aarbechten
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplôme als Auxiliaire de vie
- Freed an Engagement an der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Eng respektvoll, léisungsorentéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Loscht, sech an engem Team ze engagéiren
Konditiounen:
- Salaire a Conditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Behënnerung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 00352 26 62 18 81 E-mail: [email protected]
![](assets/images/6/Op_der_Schock_logo-bde42a8c.jpg)