Op der Schock, asbl stellt an:
1-2 Infirmiers (m/f/n), CDI 20- 40 St./Woch fir eis Servicer
Missioun:
- Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag begleeden an ënnerstëtzen
- De medezinesche Suivi vun de betreiten Persounen an hierem Dossier assuréieren
- Medikamenter stellen a kontrolléiren
- Mat hëllefen, Konzepter am Gesondheets- a Pflegeberäich auszeschaffen an d’Ëmsetzung um Terrain ze begleden
- Uspriechpartner sinn fir medezinesch Froe
- Begleedung op Dokter-Rendezvous’en iwwerhuelen
- Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun de Beneficiaren eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Eng respektvoll, léisungsorentéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gudd Zäitgestioun
- Excellent Kommunikatiounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert,…)
- Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Liichtegkeet an der Aarbecht mat Logiciel’en
- Berufflech Erfahrung ass vu Virdeel
Konditiounen:
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C5
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) virum un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossierë gemaach
Fir weider Informatioune kënnt dir eis gäre kontaktéieren Tel: 00352 26 62 18 81 E-mail: [email protected]
![](assets/images/6/Op_der_Schock_logo-bde42a8c.jpg)