1 kreative Educateur (m/f/n), CDI 40St./Woch fir eise Service Activités de Jour zu Kéiber

Op der Schock
Job location: Kuborn
Job type: Permanent contract Full time
Category: Social pedagogue

Go back

Op der Schock, asbl stellt an:

1 kreative Educateur (m/f/n), CDI 40St./Woch fir eise Service Activités de Jour zu Kéiber

Missioun:

  • Encadrement vun engem Grupp vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Service Activités de Jour
  • Ëmsëtze vun individuelle Fërderpläng déi et de Mënschen erméiglechen hir Fäegkeeten weiderzeentwéckelen an hir Autonomie fërderen
  • Op Basis vun de Bedierfnisser an de Ressourcë vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier, erwënscht sinn hei: Notiounen an der Verarbeschtung vu Lehm an aneren Matièren, Loscht sech an den kreativen Beräich ranzeschaffen,
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Loscht, sech an engem Team ze engagéiren
  • Humor a léisungsorientéiert Haltung
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen :

  • Salaire a Conditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
    Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
    Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81   E-mail: [email protected]

Go back

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact person
Nathalie Jacques

Go back

Apply online

Please calculate 8 plus 8.

Go back