1 Coordinateur fir eis Gäertnerei (m/f/n), CDI 40St./Woch 

Op der Schock
Job location: Redange
Job type: Permanent contract Full time
Category: Managment/Human Resources Social pedagogue

Go back

An eiser Gäertnerei steet ee Changement un, well eise laangjärege Gäertner a Pensioun geet. Gläichzäiteg wäerte mir dee Beräich an de nächste Joren nach ausbauen.

Dofir siche mir fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden:

 

1 Coordinateur fir eis Gäertnerei (m/f/n), CDI 40St./Woch

Deng Missioun:

  • An engem Team vu Chef de service a Coordinateuren zesummen d’Leedung vun den Ateliers d’Inclusion Professionnelle ze assuréieren a fir ee gudde Fonctionnement ze suergen am Aklang mat de Wäerter an der Philosophie vun der Schock
  • An dëser Zesummenaarbecht läit de Schwéierpunkt vun denger Aarbecht an der Leedung vun eisen Gäertneréquipen (Landschaftsgäertnerei a Kulturberäich)

o    Leedung vun Teamversammlungen,

o    Féierung vu Mataarbechtergespréicher,

o    Organisatioun vum Alldag

o    Ënnerstëtzung a Begleedung fir d’Equippe bei pädagogesche Froen

o    Entwécklung an Aktualiséierung vun Aarbechtsprozeduren an Zesummenarbecht mat den Encadrant‘en aus der Gäertnerei

o    Zesummenaarbecht mam Chef de service an organisatoreschen an administrativen Arbechten

o    Zesummenaarbecht an Austausch mat aanere Service vun der Schock

o    Accueil an Austausch mat Klient’en

  • Ënnerstetzung am Encadrement am Grupp vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Erhiewung a Föderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun de Persounen mat interllektueller Beanträchtegung
  • Förderung vun der alldeegleger Selbststännegkeet a Sozialkompetenzen

 

Qualifikatioun a Kompetenzen déi’s du als Coordinateur matbrenge solls:

  • Ee Leadership, wat geprägt ass duerch eng gewaltfräi Haltung, eng respektvoll, wohlwollend an léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht , Kloerheet an Zielgeriichtheet
  • Fäegkeet eng Diskussioun konstruktiv an zielorientéiert ze leeden
  • Fäegkeet Freed a Motivatioun, den Equippegeescht ze fërderen
  • Ee wohlwollenden a wäertschätzenden Humor
  • Excellent Kommunikatiounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert,…)
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
  • Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Gutt PC-Kenntnisser

Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur gradué, Heilpädagog oder Ergotherapeut,

 

Beruffserfarung mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung mat si vu Virdeel

 

Wat mir dir bidden ?

  • Zesummeschaffen an engem dynameschen a a motivéierten Team
  • Vernetzung mat aanere Servicer
  • Reegelméisseg Formatiounen
  • Aschaffen vun der Direktioun an deenen aanere Memberen vum Leedungsteam
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS

Konditiounen fir all Posten:

  • CDI
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B an BE
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
  • Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock - Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren

Tel: 00352 26 62 93 – 1

E-mail: [email protected]

 

Go back

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact person
Nathalie Jacques

Go back

Apply online

Please add 3 and 9.

Go back