Op der Schock, asbl stellt an:
1 Educateur diplômé (m/f/n), CDI 40St./Woch fir eise Service Activités de Jour zu Kéiber
Missioun:
- Encadrement vun engem Grupp vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Service Activités de Jour
- Ëmsëtze vun individuelle Fërderpläng déi et de Mënschen erméiglechen hir Fäegkeeten weiderzeentwéckelen an hir Autonomie fërderen
- Op Basis vun de Bedierfnisser an de Ressourcë vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféiere
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen :
- Salaire a Conditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
- Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81 E-mail: recrutement@ods.lu

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact person
Nathalie Jacques
Phone
+352 26 62 18 81