Een Direkter (M/W/D) - Département Education Non-Formelle / CDI / 40Stonnen/Woch (Referenz: 3866)

Croix-Rouge luxembourgeoise
Arbeitsort: Luxembourg
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Verwaltung/Führung/Personalwesen
Chiffre: 3866

Zurück

D’Lëtzebuerger Rout Kräiz rekrutéiert

 

Een Direkter (m/w/d) – Referenz: 3866

fir säin Departement ENF – Education non-formelle, op Basis vun engem CDI mat 40Stonnen/Woch

 

Den Departement ENF vum Lëtzebuerger Roude Kräiz ëmfaasst verschidde Servicer am Kanner- a Jugendberäich mat méi wie 600 Mataarbechter.innen an de Beräicher Erzéiung, Bildung a Betreiung vu Kanner, Ënnerstëtzung vun hiren Elteren an Erzéiungs- a Bildungsfroen, Jugendsozialaarbescht, kulturell Bildung vu Jonker, Benevolat mat Jonken a psychologesch Ënnerstëtzung vu Jonken.

 

Missiounen:

  • Definitioun an Ëmsetzung vun der Strategie 2030 vum Roude Kräiz an dem Bildungsrahmenplan fir de ganze Beräich „Education non-formelle“
  • Koordinatioun a Weiderentwécklung vun de verschidde Servicer  
  • Zesumme mat de Chargé.es de direction vun deenen eenzele Servicer dofir suergen dass d’Qualitéitsstandard’en vun der non-formaler Bildung an der alldeeglecher Aarbecht respektéiert an ëmgesat gi
  • Fir d‘Weiderentwécklung vun de Management- a Leadershipkompetenzen vun de Mataarbechter.innen a Leedungsfunktiounen suergen
  • Gestioun a Kontroll vu finanziellen a personelle Ressourcen assuréieren
  • Op Basis vun Indicateuren, de Monitoring an d’Entwécklung an de Servicer assuréieren
  • Eng strukturéiert Netzwierkaarbecht bedreiwen, siëw et mat sengen Homolog.innen am Beräich Non-formal Bildung a Partner (Fedas, Ministère, Gemengen, etc.), siëw et mat deene jeeweilegen Expert.innen an deenen aneren Departementer vum Lëtzebuerger Roude Kräiz
  • An senger Qualitéit als Member vum Direktiounscomité dozou bäidroen dass d’Lëtzebuerger Rout Kräiz haut a muer sengem Opdrag gerecht gëtt an sech de gesellschaftlechen Entwécklungen an Erausfuerderungen entspriechend stellt

 

Profil:

  • Héichschoul-Ofschloss am psycho-sozio-edukative Beräich
  • Mindestens 10 Joer berufflech Erfarung am Beräich Non-formal Bildung
  • Mindestens 5 Joer Management- a Leedungserfarung vu groussen Ekippen
  • Berufflech Erfarung an de Beräicher Project- a Change-Management
  • Gutt Kapazitéiten an de Beräicher Gestioun a Finanzen
  • Fléissend Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen a schreiwe kënnen
  • Exzellent Kommunikatiounskapazitéite verbonne mat enger wäertschätzender a konstruktiver Approche
  • Virbildlech Haltung a Virliewe vun de Grondwäerter vum Lëtzebuerger Roude Kräiz

 

Am Fall vun enger Astellung, froe mir Iech en Extrait vun Ärem casier judiciaire.

Zurück

44, boulevard Joseph II
L-1840 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 2755-2000

Zurück