D’Maison Relais de la Commune de Mondercange a.s.b.l. (MRCM) ass eng Institutioun déi Kanner vun 0-12 Joer betreit.
D'MRCM besteet aus 3 Maison Relais Gebaier sou wéi enger Crèche.
Mir erméiglechen de Familljen hiert Familljeliewen an hiert Aarbechtsliewen ze vereinbaren an droen aktiv zur Chancëgläichheet bäi.
Mir bidden eise Kanner ënner Anerem:
· eng Gruppebetreiung mat feste Referenzpersounen wou jidderee wouergeholl gëtt an d’Bezéiungsaarbecht am Fokus steet
· e Kader wou hinnen nogelauschtert gëtt a si sech wuelfillen
· d'Méiglechkeet vu verschiddenen Beweegungs-Offere wärend der Woch ze profitéieren (Zumba, Liichtathletik, Pingpong, Tennis, Judo,..)
· eng individuell Hausaufgabenhëllef innerhalb vu klenge Gruppen
· eng Ënnerstëtzung a Begleedung vun eisem multidisziplinärem Team
Mir bidden eisen Elteren:
· eng Plaz wou si wëllkomm sinn,
· eng Plaz wou si als Ressourcen unerkannt a wäertgeschat ginn
· eng professionell Berodung ronderëm d'Entwécklung, d'Erzéiung an d'Wuelbefanne vum Kand
Mir bidden eisem Personal:
· eng jonk, dynamesch a motivéiert Ekipp déi d’Kanner vum Ufank u bis an de Jugendalter begleeden.
· eng flott Aarbechtsatmosphär,
· d'Méiglechkeet sech berufflech weiderzebilden
Zudem hunn mir en interne Service fir jiddereen:
TAC (Team d’aide et de consulation) : E multidisziplinäert Team besteeënd aus 1 Orthophonist, 1 Psychotherapeut, Sozialpedagogen an Erzéier
· suivéiert a fërdert Kanner an Eenzelsëtzungen oder klenge Gruppen
· observéiert, begleet an ënnerstëtzt Kanner an hierem Alldag
· beréit Elteren an erzéierescht Personal