Educateur diplômé (m/w/d) - Haus 6 - CDI - 75% oder 100%

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Localité 7534 Mersch
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Travail social

Retour

Är Aufgaben :


  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen
  • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
  • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
  • Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner


Äre Profil:


  • Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
  • Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
  • Führerschäin (B)
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
  • Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg

 

Mir bidden:


  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.
  • Sympass Kaart.

 

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:


  • Liewenslaf mat Foto
  • Motivatiounsbréif
  • Kopie vum Diplom


Retour

rue Hermann Gmeiner10
7534 Mersch
Contact
Ressources Humaines
Téléphone +352 32 90 03 -1

Retour