SERVEUR (M/W)

Hôpital Intercommunal Steinfort
Localité 8423 Steinfort
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel
Catégorie Resto & Cafetéria

Retour

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 227 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt :

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour spécialisé deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Fir eise Service "Hôtellerie" ze verstärken, siche mir een :

SERVEUR (M/W)

fir Deelzäitaarbecht (50%) op onbestëmmten Zäit (CDI)

 

Als integralen Deel vum Service “Hôtellerie” dro Dir zur bäi fir de Komfort vun eisen Clienten am Restaurant ze garantéieren. Dir suergt fier den deeglechen Amenagement vum Iesssall an Dir servéiert d’Résidenten am Iesssall dëst Zesummenaarbecht mat der Fleege- a Animatiounsekipp.

Är Responsabilitéiten :

  • Den Service am Restaurant oder Iesssall leeschten, vun der Virbereedung vum Sall bis zur Rechnung
  • Clienten begréissen, beroden, informéieren an begleeden
  • Reglementer, HACCP-Reegelen a Prozeduren vum Betrib applizéieren
  • D’ Material an Raimlechkeeten vun der Restauratioun ënnerhalen, botzen a raumen
  • Eng gutt Relatioun an Kommunikatioun mat de Clienten sécherstellen andeems dir hinnen no lauschtert, Froen an all Kommentaren oder Reklamatiounen beäntwert

Äre Profil :

  • Dir hutt 5 Joer Erfahrung am Restauratiounsberäich
  • Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch a franséisch Sprooch, all zousätzlech Sproochekenntnisser wiere vu Virdeel
  • Dir beherrscht beschtens d’Hygiène Praktiken (HACCP)
  • Dir hutt gutt Capacitéiten a Veraarbechtung vun Informatiounen, Organisatioun, Client Service, Transmissioun vun Expertise an Zouverlässegkeet Kompetenzen

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gitt, muss en Extrait aus dem Casier judiciaire virgeluecht ginn.

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1, rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
oder per email : recrutement@his.lu

Retour

1, rue de l'Hôpital
8423 Steinfort
Contact
Ophélie Noël
Téléphone +352 39 94 91 1

Retour

Postuler en ligne

Quelle est la somme de 1 et 3 ?

Retour