Responsabel Qualitéit (m/w)

Type de poste Durée indéterminée Temps plein

Retour

Service Quailitéit

Är Aufgaben

Är Responsabilitéit:

  • Als Responsabel Qualitéit sidd dir responsable fir de Service Qualitéit vum Grupp elisabeth an ënnerstitt direkt der Generaldirektioun.

Är Missioun:

  • Dir superviséiert an participéiert un der Entwécklung vun der Qualitéitskultur an de verschiddenen Institutiounen
  • Dir erstellt an suivéiert de Qualitéitsmanagement vun der Apollonia S.A. sis
  • Dir superviséiert an participéiert un der Weiderentwécklung vun der Gestioun vun de Risiken

Är Aktivitéiten:

  • An Ofsprooch mam Qualitéitscomité, erstellt/entwéckelt dir a maacht de Suivi vun der Gestioun vun den Risken, déi eng koherent Strategie fir d’Qualitéit an der elisabeth reflektéiert
  • Dir sidd den Haaptinterlocuteur vum Qualitéits- a vum Direktiounscomité a schafft enk mat dëse Memberen zesummen, fir d’Ëmsetzung a Koordinatioun vun de Projet’en, fir d’stänneg Verbesserung vun der Qualitéit an den Evaluatiounen
  • Dir stellt dem Qualitéits- an dem Direktiounscomité all d’Informatiounen zur Verfügung, déi an den Aarbechtsgruppen entstinn an néideg si fir di global Gestioun vun der Qualitéitsdémarche weiderzeféieren
  • Dir begleet a berot d’Direktiounen an di professionell Equippen, an der Elaboratioun an der Ëmsetzung vu de verschiddene Methodologien, Outil’en, Qualitéitsindikatoren, Kennzuelen, Dokumentatiounen an Prozesser
  • Dir maacht intern Evaluatiounen fir kollektiv d’Stäerkten an d’Schwaachpunkte festzehalen, d’Prioritéite fir Verbesserung festzeleeë an de verschiddenen Organisatiounniveau’en
  • Dir representéiert elisabeth an Aarbechtsgruppen, déi am Sozialsecteur zu verschidden Thematiken ugebueden ginn

Äre Profil

Diplom vun enger Formatioun am Domaine vun der Qualitéit an der Gestioun vun de Risiken

  • 5 Joer Expertise am Qualitéitsmanagement mat enger professioneller Erfarung an der Ëmsetzung vun dëser Demarche kënne vu Virdeel sinn
  • Kenntnisser an Erfarung am Sozialsecteur kënne vu Virdeel sinn
  • Gutt Kenntnisser vun de MS-Office Programmer
  • Beherrsche vun den 3 Haaptsprooche vum Land: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch

Savoir-faire:

  • Ganz gutt Kenntnisser vun den Outil’en an de Methode vum Qualitéitsmanagement
  • Gutt Notiounen an der Begleedung vum Changement
  • Beherrsche vun de Technike fir Kommunikatioun, Verhandlungen an der Animatioun vu Gruppen
  • Capacitéite fir di sektoriell a reglementaire Evolutioun vun der Qualitéit z’analyséieren
  • Kenntnisser vun de Technike fir Enquêten, Recherchë a Dokumentatioun ze maachen

Savoir-être:

  • Sënn fir den Dialog an d’Kommunikatioun, aktiv Nolauschtere kënnen an excellent Relatioune mat de Leit féiere kënnen
  • Pedagogie, Flexibilitéit a Fermetéit fir z’iwwerzeegen
  • Capacitéite fir d’Schwaachstellen z’analyséieren, ze reperéieren an z’erklären
  • Grouss Disziplin fir Methodologie an Organisatioun
  • Capacitéit fir Prioritéite kënnen ze definéieren
  • Gutt redaktionell Qualitéiten
  • Capacitéit fir sech virun engem villfältege Public auszedrécken (Public den zur Organisatioun gehéiert oder net zur der Organisatioun gehéiert)

Mir bidden

  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Eng direkt Ustellung oder no Ofsprooch
  • Méiglechkeet un Formatiounen deelzehuelen

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Casier judiciaire no 3

Retour

33 boulevard Joseph ll
L-1840 Luxembourg
Contact
Ressources Humaines
Téléphone +352 45 07 74 1801

Retour