Psycholog - Quai 57 (m/w)

Arcus
Localité L-2562 Luxembourg
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel

Retour

arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1200 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.

Mir siche fir de Quai 57 – Suchberodungsstell : Psycholog (m/w) - 20 Stonnen/Woch CDI

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

 

RESPONSABILITÉITEN

  • Begleedung an Orientéierung vu Persounen déi e Suchtverhalen opweisen
  • Begleedung an Orientéierung vum Entourage vun de Persounen déi e Suchtverhalen opweisen
  • Entwécklung an Implementatioun vun der regionaler Consultatioun zum Thema Sucht
  • Konzepter erschaffen zur Sensibiliséierung, Präventioun, Weiderbildung an Interventioune bei spezifeschen Zielgruppen
  • Bedeelegung un Entwécklungsprojeten an Evaluatioun vun hiren Ausféierungen
  • Elaboratioun vun Dokumenter geriicht un e grousse Public a Professioneller
  • Kontakt mam Netzwierk ophuelen a Vernetzung mat de soziale Partner

 

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog
  • Du hues Kenntnisser am Beräich vun der Sucht an an de Methodologien zur Interventioun fir d’Gesondheet ze promovéieren
  • Du hues d’Fäegkeet e Plan d’action ze elaboréieren an ze formaliséieren
  • Du hues pedagogesch a sozial Kompetenzen
  • Du hues d’Fäegkeet am Netzwierk ze schaffen a Partnerschaften opzestellen
  • Du schwetz lëtzebuergesch, däitsch a franséich

 

WËNSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN

  • Du kenns dat lëtzebuergescht Netzwierk
  • Eng Formatioun an der Psychotherapie ass vu Virdeel
  • Du hues d’Fäegkeet am Grupp an alleng ze schaffen
  • Du bass proaktiv
  • Du hues e Führerschäin B an en eegenen Auto

 

MIR BIDDEN

  • Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag

 

MINDESTENS GEFUERDERTEDUCATIOUN

  • Master

 

ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNGA JOREN

  • 0 oder méi Joer

 

Retour

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Contact
Service Arnaize
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour