Mataarbechter am pedagogesche Beräich - Centre Formida (m/w)

Type de poste Durée indéterminée Temps partiel

Retour

arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1000 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.

RESPONSABILITÉITEN
Mir siche fir de Centre Formida: Mataarbechter am pedagogesche Beräich (m/w) - 30-35 Stonnen/Woch CDI

  • Präventioun vum décrochage scolaire vu Jugendlechen (12-16 Joer)
  • Zesumme mat eise Partner-Lycéeën eng kreativ Approche ze entwéckelen an ëmzesetze fir deene Jonken hire schouleschen a soziale Parcours ze stabiliséieren
  • Formal an non-formal Bildungselementer a verschidden Atelieren ofstëmmen am Sënn vu Projektlernen
  • Déi Jonk an hirer Réintegratiounsphas an d’Schoul ze begleeden

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

 

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

  • Du hues een unerkannten Diplom als Assistant social, Educateur gradué oder Educateur doplômé
  • Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Jugendlecher
  • Du bass oppe fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

 

WËNSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN

Zousazausbildungen an de Beräicher:

  • Erlebnispädagogik
  • Kunstpädagogik
  • anere kreative Beräicher

 

MIR BIDDEN

  • Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Retour

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Contact
Agathe Arnaise
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour