Landschaftsgärtner (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Atelier protégé zu Réiden

Op der Schock
Localité L-8508 Redange / Attert
Type de poste Durée indéterminée Temps plein

Retour

Op der Schock, société coopérative stellt an:

Een Landschaftsgärtner (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Atelier protégé zu Réiden

Missioun:

Leedung vun engem Grupp am Beräich vun der Landschaftsgäertnerei:

  • Zesumme mat engem Grupp vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung Aarbechten am Beräich vun der duerchféieren
  • Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Arbechten,
  • Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung
  • Förderung vun der alldeeglecher Selbständegkeet an de Sozialkompetenzen

Kontakt mat Klient’en, virbereeden vun Devis’en an Rechnungen
Organisatioun vun den Aarbechten

Qualifikatioun a Kompetenzen:
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Landschaftsgärtner (DAP oder equivalent), Meeschterprüfung a Berufserfahrung si vu Virdeel
Fundéiert Planzekentnisser; Kentnisser am Uléen an Ënerhalt vun naturnoe Gäert
Gudd kierperlech Fitness
Freed an Engagement an der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
Strukturéiert a koordinéiert Schaffen,
Loscht an engem Team ze schaffen
Humor a Léisungsorientéiert Schaffen
PC-Kenntnisser


Konditiounen:
CDI
Salaire a Konditioune vum CCT SAS
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
Führerschäin B an BE
Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrotLëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren
Tel: 00352 26 62 93 – 1
E-mail: recrutement@ods.lu

Retour

Op der Schock asbl et société coopérative
34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact
Nathalie Jacques
Téléphone +352 26 62 18 81

Retour

Postuler en ligne

Quelle est la somme de 1 et 5 ?

Retour