Ingénieur Civil / Industriel (m/w)

Localité 1840 Luxembourg
Type de poste Durée indéterminée Temps plein

Retour

Direction Générale

Är Aufgaben:

Als “Coordinateur Sécurité Infrastructure” an als “Travailleur désigné” sidd dir un de Service Qualitéit-Sécherheet vun elisabeth attachéiert, dir sidd haaptsächlech fir den elisabeth Handicap zoustänneg an ënnerstitt direkt der Generaldirektioun.


Är Aktivitéiten:

  • Dir participéiert un der Entwécklung vun der Sécherheet an de verschiddenen Haiser
  • Dir këmmert iech ëm den Suivi Immobilier an ëm de Suivi vun de Bau-chantier'en an de verschiddenen Haiser
  • Dir setzt Prozeduren ënnert Berücksichtigung vun der lëtzebuerger Gesetzgebung ëm
  • Dir sidd den Haaptinterlocuteur vum Sécherheets/Immobilien- a vum Direktiouns-Comité a schafft enk mat dëse Memberen zesummen, fir d’Ëmsetzung a
  • Koordinatioun vun de Projet’en a fir d’stänneg Verbesserung
  • Entwéckelen, Duerchfeieren an Ofschléisse vun Preventiounsmesuren a spezifesche Projekter, Berodung vun den Direktiounen an de Mataarbechter
  • Dir participéiert un der Weiderentwécklung vun der Gestioun vun de Risiken
  • Koordinatioun an Organisatioun vu Formatiounen iwwert Sécherheet vun de Mataarbechter an de betreite Persounen
  • Moderatioun vu Reuniounen zum Thema Sécherheet.

 

Äre Profil:

  • Ingenieur civil oder Ingenieur industriel mat Optioun am Génie civil oder an der Constructioun
  • 5 Joer professionel Erfarung am Bausektor zu Lëtzebuerg
  • D'Formatioun vum ,,Travailleur désigné" Grupp C4 as en Avantage
  • Beherrsche vun den 3 Haaptsprooche vum Land: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Gutt Kenntnisser vun den MS-Office Programmer
  • Autosführerschäin


Savoir-faire:

  • Ganz gutt Kenntnisser vun Management-Outil’en an Methoden
  • Gutt Notiounen an der Begleedung vum Changement
  • Beherrsche vun den Techniken Kommunikatioun, Verhandlungen an Animatioun vun Gruppen
  • Capacitéit fir di sektoriell a reglementaire Evolutioun vum Bausektor a vun de Sécherheetsaspekter ze analyséieren


Savoir-être:

  • Sënn fir den Dialog an d’Kommunikatioun, aktiv Nolauschtere kënnen an excellent Relatiounen mat de Leit féiere kënnen
  • Pedagogie, Flexibilitéit a Fermetéit fir z’Iwwerzeegen
  • Capacitéite fir d’Schwaachstellen z’analyséieren, ze reperéieren an ze verbesseren
  • Grouss Disziplin fir Methodologie an Organisatioun
  • Capacitéit fir Prioritéiten kënnen ze definéieren
  • Gutt redaktionell Qualitéiten
  • Capacitéit fir sech virun engem villfältege Public auszedrécken (Public den zur Organisatioun gehéiert oder net zur der Organisatioun gehéiert)

 

Mir bidden

  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Schaffen an engem dynameschen Ëmfeld
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag


Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Casier judiciaire no 4

 

Retour

22, bd Joseph II
L-1840 Luxembourg
Contact
Carlo FRIOB
Téléphone +352 45 07 74 4141

Retour