Infirmier (M/W), CDI, 25 oder 30 Stonne/Woch)

Localité L-8522 Beckerich
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel

Retour

Mir sichen eng Verstäerkung fir eis kleng Infirmièresequipe am Ateliersberäich zu Biekerech. Dir hëlleft eis, dass déi Leit, déi mir an eisen Dagesstrukture betreien, bei gudder Gesondheet bleiwen. Dir sidd am permanentem Austausch mat aneren Aarbechtskolleegen, déi déi ënnerschiddlechst Qualifikatiounen hunn. Interesséiert ? Mir freeën eis op är Kandidatur.

Mir bidden Iech :
E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- an Sozialsecteur.  
Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Léit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.  
Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weiderzëentwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.

Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt !

Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen ?
Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?
Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ?  
Dir wierkt gäre positiv op Är Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun) ?  
Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?  

 

Retour

1, rue Jos Seyler
L-8522 Beckerich
Contact
Marc De Geest
Téléphone +352 266 233 1

Retour

Postuler en ligne

Quelle est la somme de 8 et 7 ?

Retour