1 Sozialaarbechter (m/f/x)

Type de poste Durée indéterminée Temps plein

Retour

Caritas Lëtzebuerg sicht:

1 Sozialaarbechter (m/f/x)

40 Stonne pro Woch CDI


am Kader vu sengem Departement „Urgence“,
konventionéiert mam Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région

Missioun:

De Sozialaarbechter (m/f/x) huet d’Missioun vum soziale Betreien, Begleeden an Ënnerstëtze vun hëllefs- a schutzbedürftege Mënschen, vu Mënschen ouni Wunneng oder déi vun Aarmut an Exklusioun bedrot sinn. An intensiver Zesummenaarbecht mam Reseau organiséiert den Assistant social déi psychosozial Daagesbetreiung vun de Persounen déi an der Ariichtung „Halte de Nuit“ an der Staat vu Caritas Accueil et Solidarité schlofen.

Profil:
§  Am Besëtz si vum diplôme Bachelor en Sciences Sociales et Educatives oder engem gläichwäertegen Diplom aus dem Ausland mat deem een zu Lëtzebuerg exerzéire kann.
§  Liichtegkeet hunn am Kontakt an Empathie vis-à-vis vu benodeelegten Erwuessene mat enger psychescher Erkrankung
§  Staarken Ekippegeescht
§  Gutt Kenntnisser vum lëtzebuergesche sozialen Hëllefsreseau / sozialen Déngscht-leeschtungssecteur
§  Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen a schreiwen, all weider Kompetenzen an enger anerer Sprooch si vu Virdeel
§  Beherrsche vun der gewéinlecher Büro-Software (Word, Excel, Outlook)
§  Flexibilitéit fir mat onreegelméissegen Aarbechtszäiten eens ze ginn (Aarbecht am Schichtdéngscht méiglech)
§  Eegestännegkeet an organiséiert schaffe kënnen
§  Am Besëtz vun engem B-Führerschäi sinn

D’Leit gi nom Kollektivvertrag CCT-SAS vum soziale Secteur bezuelt – C6.
D’Kandidature mat Liewenslaf an e rezenten Extrait aus dem Casier judiciaire (Bulletins 3, 4 a 5) si un t’Ressources Humaines vu Caritas Accueil et Solidarité a.s.b.l., 29, rue Michel Welter, L-2730 Luxembourg, oder per Mail un rhcas@caritas.lu ze schécken. Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach.

Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à Caritas Luxembourg la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de Caritas Luxembourg, conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).

Retour

29 rue Michel Welter
L-2730 Luxembourg
Contact
Martine Leseigne
Téléphone +352 40 21 31 - 1

Retour

Postuler en ligne

Veuillez additionner 8 et 5.

Retour