1 DIPLOMIERTEN ERZEIER Service IMPULS (m/w) - 20 Stonnen/Woch

Type de poste Durée indéterminée Temps partiel

Retour

Solina Solidarité Jeunes Engagéiert:

1 DIPLOMIERTEN ERZEIER (m/w)

fir säi Service IIMPULS Lëtzebuerg Stad

20 Stonnen/Woch – CDI Kollektivvertrag SAS
fir direkt oder no Ofsprooch

är Aufgab
·       Soziopädagogesch Betreiung vun de Clienten
·       An Zesummenaarbecht mat den Therapeuten, Fallkonzeptiounen erstellen an d’ Prise en Charge assuréieren
·       A Kontakt sinn mat den therapeuteschen Partnerstrukturen
·       D’ Clienten ënnerstëtzen den Alldag ze gestalten an ze liewen
·       D’ Clienten bei der Autonomie an enger gesonder Entwécklung begleeden an ënnerstëtzen
·       D’Clienten bei der réinsertion post-thérapeutique ënnerstëtzen
·       D’ Clienten bei den administrativen Demarchen ënnerstëtzen
·       Projeten d’Autonomisation ausschaffen a begleeden
·       Dossieren traitéieren, verwalten an organiséieren

äre beruffleche Profil

·       Beruffserfarung am Beräich Suchthëllef, Suchttherapie ass vu Virdeel
·       Beruffserfarung am Beräich Réinsertion socio-professionelle ass vu Virdeel
·       Erfarung mat systemescher Therapie a Berodung ass vu Virdeel
·       D’  lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch gutt schwätze kënnen, an all aner Sprooch ass vu Virdeel
·       Kenntnisser mam MS-Office, Excel, Outlook, Word etc.
·       Organiséiert sinn, gewëssenhaft an autonom schaffen kënnen
·       De B Fürerschäin ass noutwenneg

äre perséinleche Profil
·       Dir sidd respektvoll, verantwortungsbewosst, kreativ, flexibel a motivéiert
·       Dir wëllt mat vill Engagement an engem Team schaffen
·       Dir hutt Bereetschaft fir Weiderbildungen ze maachen

Mir bidden Iech:

·       Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib an Equipe ze sinn
·       de CCT SAS Kollektivvertrag
·       een ofwiesselenden Aarbechtsberäich
·       ee Betrib wou de Mënsch am Vierdergrond steet

Retour

163, rue du Kiem
L-8030 Strassen
Contact
Paul Kauff
Téléphone +352 4904201

Retour

Postuler en ligne

Quelle est la somme de 1 et 2 ?

Retour