arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 900 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.
Mir siche fir de Spillzenter am Service focus : Fachberoder fir non-formal Bildung (m/w) - 30-40 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
RESPONSABILITÉITEN
Hues Du Loscht, Dech mam Spill vu Kanner ze beschäftegen an am Beräich vun der Erwuessenebildung folgend Missiounen ze erfëllen?
- Promotioun vum Spillen an der non-formaler Bildung;
- Berodung a Begleedung vun Professionnellen déi mat Kanner schaffen;
- Formatiounen am Kontext vun der non-formaler Bildung fir erzéierescht Personal an Dageselteren haalen;
- Déi aktuell Diskussiounen an der non-formaler Bildung am Bléck hunn an nei an innovativ Projet’en entwéckelen;
- Eng aktiv Öffentlechkeetsarbescht rondërem d'Spill leeschten;
- D‘Gestioun vun eisem Spillzenter assuréieren: Spillberäicher, Fachbibliothéik, Kannerbibliothéik, Remida an Ludothéik.
OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN
- Du hues eng Qualifikatoun am Beräich Sciences Sociales et Educatives oder an de Medien- a Kommunikatiounswëssenschaften;
- Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung;
- Du hues Kenntnisser an der Theorie an an der Praxis vun der non-formaler Bildung;
- Du fills dech wuel am Emgang mat neie Medien an digitaler Technik;
- Du bass en oppenen, dynameschen, clientsorientéierten a kommunikative Mënsch;
- Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aaner Sprooch ass vu Virdeel.