Fachbegleeder - focus (h/f)

Type de poste Durée indéterminée Temps partiel

Retour

arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1000 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.

  • Mir siche fir d’Service focus : Fachbegleeder (m/w) - 20-30 Stonnen/Woch CDI

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


RESPONSABILITÉITEN

  • Konzeptuell Begleedung vu Crèchen (Services d’éducation et d’accueil) an der pedagogescher Qualitéitsentwécklung,
  • Pedagogesch Berodung vun de Chargéen, Responsabelen an hiren Ekippen,
  • Entwécklung an Ausschaffe vu pedagogesche Konzepter a Projeten,
  • Formatiounen entwéckelen an hale fir Professioneller aus dem edukative Beräich,
  • Weiderentwécklung vu praxisorientéierte Formatiounsmodeller an eisem Spillzenter.

 

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am Beräich Sciences Sociales et Éducatives a relevant Zousatzqualifikatiounen (Pikler-Grundkurs ass vu Virdeel),
  • Du hues Erfarung an der pedagogescher Aarbecht mat Kanner,
  • Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung,
  • Du hues fundéiert Kenntnisser an der non-formaler Bildung,
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
  • Du bass flexibel, schaffs autonom an och gäre mat Leit.

Du kriss Zäit, fir Dech an d’Aarbecht als Fachbegleeder eranzeschaffen.

 

MINDESTENS GEFUERDERT EDUCATIOUN

  • Bachelor

 

ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNG A JOREN

  • 3 oder méi Joer

 

MIR BIDDEN

  • Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Retour

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Contact
Agathe Arnaize
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour