Eng éducatrice/ en éducateur diplômé(e) - Réf.: MBH 11/2021

Type de poste Durée déterminée Temps plein

Retour

Mir siche fir eis Wunngemeinschaft “Millebaacher Haus”

eng éducatrice/ en éducateur diplômé(e)

(Réf.: MBH 11/2021)

CDD 40-Stonne-Woch

fir eng Dispens, e Congé de Maternité an e Congé Parental ze ersetzen

Är Missioun:

  • Mënsche mat enger Beanträchtegung an hirer Autonomie ënnerstëtzen a si am Alldag, an hirer Fräizäit an an hirem sozialen Ëmfeld begleeden.
    Hëllef an Ënnerstëtzung bei den actes essentiels de la vie
  • Zesumme mat de Bewunner hire perséinleche Liewensprojet gestalten
  • Zesummenaarbecht an enger multidisziplinärer Equipe.

Äre Profil:

  • Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
  • Kontaktfreedeg sinn an Equipegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
  • Gäere Schichte schaffen.
  • Flexibel sinn an de Courage hunn, sech och mol op schwiereg Situatiounen anzeloossen
  • Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
  • Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.

Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 26 22 73.

Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.

D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer a Casier Judiciaire Bulletin N°4[1]) kënne bis spéitstens den 03.12.2021 geschéckt ginn un:

Ligue HMC a.s.b.l.

Direction

B.P. 53

L-8301 Capellen

oder per Mail un rh@ligue-hmc.lu      

www.ligue-hmc.lu



[1] L’agrément nécessaire à notre structure prévoit de vérifier la condition d’honorabilité des salariés. De ce fait et au vu de la population encadrée, le casier judiciaire est demandé.

Retour

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact
Service Ressources Humaines
Téléphone +352 30 92 32 - 222

Retour

Postuler en ligne

Quelle est la somme de 1 et 6 ?

Retour