En Educateur (m/w) oder en Aide-soignant (m/w) - BH 11/2021

Type de poste Durée indéterminée Temps plein

Retour

Mir begleeden an ënnerstëtze Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an de Beräicher Formatioun, Aarbecht, Dagesbetreiung, Wunnen a Fräizäit.

 

Mir siche fir eis Wunngemeinschaft “Baastenduerfer Haus”

eng éducatrice/ en éducateur diplômé(e)

oder

eng aide-soignante/en aide-soignant

(Réf.: BH 11/2021)

CDI 40-Stonne-Woch

Är Missioun:

Mënsche mat enger Beanträchtegung an hirer Autonomie ënnerstëtzen a si am Alldag, an hirer Fräizäit an an hirem sozialen Ëmfeld begleeden.
Hëllef an Ënnerstëtzung bei den actes essentiels de la vie
Zesumme mat de Bewunner hire perséinleche Liewensprojet gestalten
Zesummenaarbecht an enger multidisziplinärer Equipe.

Äre Profil:

Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
Kontaktfreedeg sinn an Equipegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
Gäere Schichte schaffen.
Flexibel sinn an de Courage hunn, sech och mol op schwiereg Situatiounen anzeloossen
Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.
Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 26 22 73.

Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.

D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer a Casier Judiciaire Bulletin N°3[1]) kënne bis spéitstens den 30.11.2021 geschéckt ginn un:

Ligue HMC a.s.b.l.

Direction

B.P. 53

L-8301 Capellen

oder per Mail un rh@ligue-hmc.lu      

www.ligue-hmc.lu



[1] L’agrément nécessaire à notre structure prévoit de vérifier la condition d’honorabilité des salariés. De ce fait et au vu de la population encadrée, le casier judiciaire est demandé.

Retour

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact
Service Ressources Humaines
Téléphone +352 30 92 32 - 222

Retour

Postuler en ligne

Veuillez calculer 3 plus 8.

Retour