En Educateur diplômé (m/w/d) - DC 03/2023

Ligue HMC
Localité L-8311 Capellen
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel

Retour

Mir sichen fir eise Fräizäit-Service “Day Center”

en Educateur diplômé (m/w/d)

(Réf.: DC 03/2023)

CDI 20-Stonne-Woch

Är Missioun:

  • Projeten an Aktivitéiten ausschaffen, organiséieren an animéieren.
  • Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung begleeden, am Respekt vun hirer Perséinlechkeet a mam Zil vun der sozialer a kultureller Inclusioun.
  • Kontakter knäppen an zesumme schaffen mat externe Partner aus dem sozialen a kulturelle Beräich.

Äre Profil:

  • Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
  • Kontaktfreedeg sinn an Equipegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
  • Begeeschterung a Kompetenzen hunn an de Beräicher Kreativitéit, Weiderbildung a Kultur.
  • Gutt redaktionnell Kompetenzen hunn.
  • Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
  • Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.

Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.

Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 454 067.

Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.

D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 24.3.2023 geschéckt ginn un:

Ligue HMC a.s.b.l.

Direction

B.P. 53

L-8301 Capellen

oder per Mail un rh@ligue-hmc.lu     

www.ligue-hmc.lu

Retour

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact
En 01/2023
Téléphone +352 30 92 32 - 222

Retour

Postuler en ligne

Quelle est la somme de 9 et 6 ?

Retour