Är Missiounen fir den Atelieren (20 Stonnen/Woch) sinn:
d'Berodung a d'Begleedung am psychologesche Beräich vum edukativen an technesche Personal a vun de Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
Är Missiounen fir de Wunnstrukturen (20 Stonnen/Woch) sinn:
- Oprechterhalen a Fërderung vum Wuelbefannen an der mentaler Gesondheet vun der Persoun unhand vun sengen Fachkenntnesser
- Iwwerwaachung vun der pedagogescher / edukativer Approche am Zesummenhang mat psychologeschen, psychiatreschen a verhalensbezunnenen Schwieregkeeten
- Iwwergraïfend als Beroder fir mental Gesondheet déngen
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Psycholog sinn
- iwwert Beruffserfarung verfügen
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimale professionellen Encadrement vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- Equippegeescht hunn
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung
