Infirmier (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

Op der Schock asbl
Localité 9169 Mertzig
Type de poste Durée indéterminée Temps plein

Retour

Op der Schock, asbl stellt an:

Een Infirmier (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

Missioun:

  • Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
  • Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
  • Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht
  • De medezinesche Suivi vun den Bewunner assuréieren
  • Medikamenter stellen
  • Begleedung op Dokter-Rendezvous’en iwwerhuelen

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung
  • Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung ass vu Virdeel
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Bereetschaft, och weekends an owes ze schaffen
  • Gutt PC-Kenntnisser


Konditiounen:

  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C5
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
  • Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

 

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) virum 15ten August un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossierë gemaach

Fir weider Informatioune kënnt dir eis gäre kontaktéieren Tel: 00352 26 62 18 81 E-mail: recrutement@ods.lu

Retour

Op der Schock asbl
6, rue de Dellen
9169 Mertzig
Contact
Op asbl
Téléphone +352 26 62 18 81

Retour

Postuler en ligne

Veuillez calculer 4 plus 7.

Retour