Een graduéierten Erzéier / Assistant social (m/w)

Fondation Kraïzbierg
Localité L-3401 Dudelange
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
129

Retour

Äre Profil:

  • Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als graduéierten Erzéier oder als Assistant social
  • Dir beherrscht d’Lëtzebuerger Sprooch an hutt eng gutt Maîtrise vun der franséischer an däitscher Sprooch
  • Dir sidd zouverlässeg, flexibel, kommunikativ an teamfäeg
  • Dir sidd empathesch an hutt een gudden “sens de l’écoute”
  • Dir hutt gutt redaktionell an organisatoresch Kompetenzen
  • Dir sidd am Besëtz vun engem gültegen Führerschäin
  • Kenntnisser/Erfarungen am Lëtzebuerger Sozialsecteur an der respektiver Gesetzgebung sinn een Atout

Är Missiounen:

  • Ënnerstëtzung vun Persounen mat enger Behënnerung bei administrativen an medezineschen Demarchen an Begleedung ob extern Terminer
  • Een oppent Ouer hunn an jee no Besoin mam Client zesummen een Suivi organiséieren
  • Kooperatioun an Austausch mat internen an externen Servicer, wéi ënnert anerem den gesetzlechen Vertrieder (curatelle/tutelle)
  • Sozio-pedagogeschen Encadrement vum Projet « Trainings-Appartement » zu Diddeleng
  • Ënnerstëtzung bei der Gestioun vun den « demandes d’admission »

Mir bidden:

  • ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen)
  • eng ofwiesslungsräich Aarbecht an engem multidisziplinären Team
  • eng autonom Gestaltung an Organisatioun vun den eenzelen Suivi’en an Projete
  • an encouragéieren är professionell Weiderbildung

Merci fir Är Kandidatur bis spéitstens den 07.11.2022 online eranzeschécken.

www.kraizbierg.lu
R.C.S. Luxembourg: G34

Retour

180, route de Zoufftgen
L-3401 Dudelange
Contact
Ellen Mettens-Fritsch
Téléphone +352 52 43 52 1

Retour