een geléierten Schlässer oder ee polyvalente Mataarbechter (w/m/x) - Atelieren Betten

APEMH
Localité Bettange/Mess
Type de poste Durée indéterminée Temps plein

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Betten am Beräich Schlesserei/Schreinerei, een geléierten Schlässer oder ee polyvalente Mataarbechter fir ee CDI Vollzäit, fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Äre Missiounen:

Mat engem Grupp vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung kreativ an Ärer Beruffsbranch schaffen.

 

Äre Profil:

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom DAP an der Schlesserei sinn  an/oder iwwert Beruffserfarung verfügen
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn.

 

mir ubidden:

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

 

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour