Mir sichen
een Encadrant fir d’Equipe vun der Fruit Coop zu Olm ze verstärken (m/w/d)
(Réf.: FCOOP 03/2023)
CDD 20-Stonne-Woch bis den 28.02.2024
Ufanksdatum : esou séier wéi méiglech
Är Missiounen:
- Dir begleet, leed an ënnerstëtzt eng Equipe vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an eisem Atelier d’Inclusion Professionnelle “Fruit Coop” zu Olm.
- An Zesummenaarbecht mat eisen Mataarbechter:
Hëlleft an ënnerstëtzt dir eis Uebst- an Geméiskichen wou z.B. Gebeess, Compote, Jus, gedréchent Geméis hiergestallt gin.
Hëlleft an ënnerstëtzt dir den Kantinsberäich.
Hëlleft an ënnerstëtzt dir den Etiquetage – Emballage –Beräich.
Äre Profil:
- Kenntnisser an Erfahrung am HACCP hunn oder bereet sinn se ëmzesetzen.
- Dir sidd interesséiert fir mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ze schaffen a si am Beruffsalldag ze ënnerstëtzen.
- Dir sidd motivéiert an enger Equipe ze schaffen a Verantwortung ze iwwerhuelen.
- Dir sidd flexibel a villsäiteg.
- Dir kënnt mat schwierege Situatioune ëmgoen.
- Dir schwätzt lëtzebuergesch, däitsch a franséisch.
- Dir hutt e Führerschäin Klass B.
Mir bidden eng attraktiv Rémunératioun laut dem Kollektiv Vertrag SAS an Aarbechtszäiten vu Méindes bis Freides, 8.30 bis 16.30.
Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 30 92 32-277 oder 621 40 81 23.
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach. Am Fall vun enger Astellung gëtt en Casier Judiciaire Bulletin N°4[i] gefrot.
D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 31. Mäerz 2023 geschéckt ginn un:
Ligue HMC coopérative s.c.
Direction
B.P. 53
L-8301 Capellen
rh@ligue-hmc.lu
[i] L’agrément nécessaire à notre structure prévoit de vérifier la condition d’honorabilité des salariés. De ce fait et au vu de la population encadrée, le casier judiciaire est demandé.
