een diploméierten Erzéier - Roude Fiels (w/m/x)

APEMH
Localité Esch/Alzette
Type de poste Durée déterminée Temps plein

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur "Roude Fiels" zu Esch/Uelzecht, een diploméierten Erzéier fir een CDD (1 Joer) 40 Stonnen/Woch - fir eng Dispens, een Congé Maternité an een Congé Parental ze ersetzen - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

 

D’Kandidate sollen:

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger "Autorisation d'exercer" sinn
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • De Führerschäin Klass B hunn

Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour