Een diploméierten Erzéier (M/F/D) – Ref : 2158
Vir säi Wunngrupp « Jugendgrupp » (Jugendlecher am Alter vun 13 bis 18 Joer) am Service „Centre d’accueil Norbert Ensch“ zu Reckange, vir 30h /Woch am CDI
Missiounen:
- Eng sécher Liewensplatz vir di jonk Bewunner bidden
- Mat enger wäertschätzender, participativer an léisungsorientéierter Haltung den Jugendlecher begéinen an mat hinnen den Alldag gestalten
- Kanner a Jugendlecher an hirem Alldaag begleeden an Ënnerstëtzung bidden (administrativ Prozeduren, Schoul an Ausbildung, medezinesch Betreiung, Fräizäitgestaltung,…)
- Deel huelen un Teamversammlungen, Supervisiounen an Formatiounen
Profil:
- Unerkannten Diplom am gesichte Beräich
- Déi 3 Landessprooche (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) beherrschen, all weider Sproch as vu Virdeel
- Flexibilitéit betreffend den Aarbechtszäiten (24h/24h an 7d/7d)
- Berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet an Verantwortungsbewosstsinn
- Führerschäin B
Am Fall vun enger Astellung froen mir een Extrait vum Casier judiciaire
