Mir sichen
ee Referent fir d’Fleegeversécherung (m/w/d)
(Ref.: AD 01/2023)
CDI 32 Stonnen/Woch
Är Missioun:
- Dir sidd zoustänneg fir d’Fleegeversécherung bei der Ligue HMC.
- Dir sidd Uspriechpartner fir d’AEC, COPAS a FEDAS.
- Dir organiséiert an haalt Formatioune fir d’Mataarbechter iwwert d’Fleegeversécherung.
- Dir schafft zesumme an enger multidisziplinärer Equipe, mat den Servicer a Familljen fir d‘Evaluatioune vun de Clienteën virzebereeden.
- Dir definéiert Qualitéits-Indicateuren an dir maacht de Suivi.
- Dir sidd zoustänneg fir d’Kontroll vun de Wochepläng.
- Dir këmmert iech ëm d’Fakturatioun am Programm GI.
- Dir bestellt déi néideg Hëllefsmëttel a sidd Uspriechpartner esou wuel fir intern wéi fir externe Servicer.
Äre Profil:
- Dir hutt Erfahrung am Ëmgang mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung.
- Dir hutt Grondkenntnisser vun der lëtzebuergescher Fleegeversécherung.
- Dir sidd kontaktfreedeg an hutt Equipegeescht.
- Dir kënnt autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuelen.
- Dir kënnt lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwen.
- Dir hutt informatesch Kenntnisser, Kenntnisser am Programm GI si vu Virdeel.
- Dir hutt e Führerschäin Klass B.
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.
Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 262 273.
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.
D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 3. Februar 2023 geschéckt ginn un:
Ligue HMC a.s.b.l.
Direction
B.P. 53
L-8301 Capellen
oder per Mail un rh@ligue-hmc.lu
www.ligue-hmc.lu

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact
Service Ressources Humaines
Téléphone
+352 30 92 32 - 222