ee graduéierten Erzéier - Maison d'Accueil Mère Enfant (w/m/x)

APEMH
Localité Dudelange
Type de poste Durée déterminée Temps partiel

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Structur d’Accueil "Mère-Enfant" zu Diddeleng, déi 3 Mammen mat enger intellektueller Beanträchtegung an hiren Kanner een protegéiert Ëmfeld biet, ee graduéierten Erzéier - CDD - 30 Stonnen / Woch- fir direkt oder no Ofsprooch fir ee Congé Maternité an ee Congé parental ze ersetzen.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Responsabilitéiten
Am Kader vun der Ouverture vun eiser neier Struktur d’accueil zu Diddeling, ass et an der Responsabilitéit vum graduéierten Erzéiher, dréi Mammen ze begleeden bei:

  • der Emsetzung vun hirem „ Projet de vie“ mam Kand.
  • der Organisation vum Alldag.
  • dem Opbau vun enger Mamm-Kand Bezéihung
  • der Ennerstezung vun der Entwecklung vun hirem Kand.

 

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Diplom als graduéierten Erzéier
  • Berufflech Erfarung an engem ähnlechen Beräich hunn
  • Beherrschung vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass onverzichtbar
  • Flexibel an den Schaffzäiten sinn
  • Excellent relationel an kommunikativ Kompetenzen hunn
  • Souwuel alleng wéi och an enger Équipe schaffen kennen
  • Gudd redaktionnell an organisatoresch Kompetenzen hunn

 

Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung an hiren Kand.

Retour

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour