Educateur gradué (m/w) - CDI, 20 Stonnen

Localité L-2611 Luxembourg
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel

Retour

Är Aufgaben

  • Animéiere vun der Communautéit, déi als Missioun huet, Jonker ze informéieren (Visitten an de Jugendhaiser, Austausch a Versammlungen iwwer Aktualitéitstheemen déi Jonker an d’Personal wat mat hinne schafft  betreffen, …)
  • Zesummebrénge vun de Professionellen, déi mat Jonker op lokalem Niveau schaffen (Jugendhaiser an aner Jugendorganisatiounen)
  • Ënnerstëtzung vun de Professionellen aus dem Jugendsekteur fir d’Qualitéit vun der Informatioun ze iwwerpréiwen an ze garantéieren
  • Ausschaffen an Ëmsetze vu gemeinsamen Informatiouns-Projeten iwwer Aktualitéitstheeme fir Jonker
  • Op de Bedarf vun de Professionellen agoen (Material, Informatiounen, Formatiounen)
  • Promouvéiere vum Label Jugendinfo an d’Jugendinformatioun an säi Netzwierk zu Lëtzebuerg weider entwéckelen
  • Publizéiere vu prakteschen Informatiounen op der Social Media Plattform, déi fir déi Professionell vun der Jugendinformatioun zur Verfügung steet
  • Ausschaffe vu Contenu an aner flott Tools fir Informatiounen ze animéieren

Äre Profil

  • Diplom als Educateur gradué (m/w) a Loscht am Interêt vu Jonker a mat Leit aus dem Jugendberäich ze schaffen
  • Kompetenze fir Informatiounen ze analyséieren
  • Berufflech Erfarung vu mindestens 5 Joer
  • Organiséiert, verantwortungsbewosst, léisungsorientéiert, eegestänneg an Teamgeescht.
  • Sproochekenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen
  • Führerschäin an der Klass B hunn fir kënnen an d’Jugendhaiser an op aner Rendezvous ze fueren
  • Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten
  • Kompetenze mat digitalen Tools a Kenntnisser vun de soziale Medie a Microsoft Office Programmer

Virdeeler

  • Berufflech Erfarung am soziale Secteur mat Jonker (z.B an engem Jugendhaus oder an enger Jugendorganisatioun)
  • Englesch Kenntnisser an all aner Sprooch

 

Et gëtt laut dem CCT SAS Kollektivvertrag bezuelt.

D‘Kandidature mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf, Foto, a Kopie vum Diplom, kënne bis de 17. November 2021 u folgend E-Mail Adress geschéckt ginn: didace@anij.lu

Retour

Agence Nationale pour l'Information des Jeunes (ANIJ) asbl
87 route de Thionville
L-2611 Luxembourg
Contact
Didace Kalisa

Retour

Postuler en ligne

Veuillez additionner 6 et 2.

Retour