Educateur diplômé, Infirmier oder aide-soignant, CDI 30 oder 40 ST/W

Type de poste Durée indéterminée Temps partiel Temps plein

Retour

Fir eis Equipe vun der Wunnstruktur, déi dëst Joer an d'Cité Elmen (Olm) plënnert (aktuell Hollerich) siche mir entweder en Educateur dipl. (m/w) , en Infimier (m/w) oder en Aide-soignant (m/w). Dir sicht eng wäertvoll Aarbecht an enger flotter Atmosphär a bedeelegt Iech gären un engem neiem Projet? Dann ass dëst eventuell genau déi richteg Aarbechtsplaz fir Iech.

Mir bidden Iech :
E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- an Sozialsecteur.  
Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Léit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.  
Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weiderzëentwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.

Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt !

Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen ?
Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?
Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ?  
Dir wierkt gäre positiv op Är Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun) ?  
Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?  

Retour

1, Jos Seyler Strooss
L-8522 Beckerich
Contact
Marc De Geert
Téléphone +352 266 233 1

Retour

Postuler en ligne

Veuillez calculer 8 plus 1.

Retour