Educateur Diplômé/ Gradué/ Assistant Social/ Thérapeute/ Enseignant - Centre de Jour Movida (h/f) - 50%-100%

Type de poste Durée indéterminée Temps partiel Temps plein

Retour

arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 900 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.

 

De Centre socio-thérapeutique zu Fouhren encadréiert Jugendlecher am Alter tëscht 12 a 16 Joer, déi sech an engem sozialen an institutionellen Desintegrationsprozess befannen. Si kënnen am Moment net an de Strukture vun engem Lycée beschoult ginn, a kréien an dësem Kader eng alternativ Form vu Beschoulung resp. Betreiung gebueden. Schoulesch Inhalter ginn duerch praktesch Uwendungen, wéi z.B. handwierklecht an artistescht Schaffen an Atelieren an an der Natur vermëttelt. Nieft der alternativer Beschoulung, ginn déi Jugendlech pedagogesch-therapeutesch op hirem Wee begleet.

 

  • Am Kader vum neie Centre socio-thérapeutique (CST) Movida zu Fouhren siche mir : Educateur Diplômé / Educateur Gradué/ Assistant Social / Ergo-Physio-Art-Musico-Psycho Thérapeute / Enseignant (m/w) - 20-40  Stonnen/Woch CDI

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

 

AUFGABEN

  • Sozio-edukativ Prise en charge vu Jonker tëschent 12 a 16 Joer ;
  • Gestaltung vu Förder- a Léierpläng a Kooperatioun mat de Partnerschoulen (formal, non-formal an informal Bildungsinhalter) ;
  • Ganzheetlechen, ressourcenorientéierten Aarbechtsusaz mat Rücksicht op dat sozialt / familiäert Ëmfeld vun de Jonken ;
  • Strukturéierung an Dokumentatioun ;
  • Kooperatioun mat aneren Akteuren vum Hëllefsprozess.

 

UFUERDERUNGEN

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom  ;
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel ;
  • Du bass oppe fir Weiderbildung / Supervisioun ;
  • Du bass zouverlässeg, teamfäeg, flexibel, selbstänneg, virwëlzeg.

 

WEIDER VU VIRDEEL

  • Beruffserfarung an erzéiereschen, pedagogeschen, therapeuteschen Aarbechten (Ausbildung oder Studium) ;
  • Zousazqualifikatiounen aus dem psychosozialen, therapeuteschen, traumasensiblen, systemesche Bildungsspektrum ;
  • Kënschtleresch / sportlech Interessen.

 

MINDESTENS GEFUERDERTEDUCATIOUN

  • Bac obtenu

 

ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNGA JOREN

  • 0 oder méi Joer

 

Retour

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Contact
Agathe Arnaise
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour