RESPONSABILITÉITEN
Mir siche fir d’Maison Relais Rouspert/Mompech: Educateur diplômé / Educateur gradué (m/w) - 30 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Spezifesch an individuell Hëllef fir Kanner mat besonnesche Bedürfnisser:
- Konzipéieren, Organiséieren a Realiséiere vu Betreiungsmesuren
- Betreiung an der Grupp
- Participatioun bei de pedagogesche Sëtzungen
OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN
- Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
- Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
- Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
MIR BIDDEN
- E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld
MINDESTENS GEFUERDERT EDUCATIOUN
Diploméierten Éducateur (14e) / Bachelor
ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNG A JOREN
0 oder méi Joer
