Responsabilitéiten
Mir siche fir eise Spillzenter : Educateur diplômé / Educateur gradué (m/w) - 30-40 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Hues Du Loscht, Dech mam Spill vu Kanner ze beschäftegen an am Beräich vun der Erwuessenebildung folgend Missiounen ze erfëllen?
- Promotioun vum Spillen an der non-formaler Bildung
- Berodung a Begleedung vu Professionellen déi mat Kanner vun 0-12 schaffen
- Formatiounen am Kontext vun der non-formaler Bildung fir erzéierescht Fachpersonal an Dageselteren haalen
- Déi aktuell Diskussiounen an der non-formaler Bildung am Bléck hunn an nei an innovativ Projet’en entwéckelen
- Eng aktiv Öffentlechkeetsarbescht ronderëm d'Spill leeschten
- D‘Gestioun vum Spillzenter assuréieren: Spillberäicher, Fachbibliothéik, Kannerbibliothéik, Remida a Ludothéik
Obligatoresch Ufuerderungen
- Du hues eng Qualifikatioun am Beräich Sciences Soziales et Edukatives oder/an de Medien- a Kommunikatiounswëssenschaften
- Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung
- Du hues Kenntnisser an der Theorie an an der Praxis vun der non-formaler Bildung
- Du fills dech wuel am Ëmgang mat neie Medien an digitaler Technik
- Du bass en oppenen, dynameschen, clientsorientéierten a kommunikative Mënsch
- Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
Education
- Minimum Diplôme d'éducateur (14e)
Mir bidden
- E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld
