Educateur diplômé - Centre Formida/Internat (m/w)

Arcus
Localité L-2562 Luxembourg
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel

Retour

30-40 Stonnen/Woch CDI

arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1200 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.

Am Kader vun eiser Zesummenaarbecht mam Lycée Guillaume Kroll an Lycée Bel-Val, sichen mir fir eis Wunnstruktur “Formida Wunnen” (Internat) een

Educateur Diplômé (m/w) - 32 Stonnen d'Woch / CDI

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

RESPONSABILITÉITEN

  • Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 18 Joer an hirem Alldag;
  • Entwécklung vu Bildungssettings, déi sech individuell un de Jugendlech hir Entwécklung upassen, esou dass si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen;
  • Uleedung zu engem kreative Bildungs-a Fraïzäitverhalen, wat nei Erfarungen erméiglecht a non-formal Léierprozesser ureegt;
  • Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher;
  • Matgestaltung vun eiser Grondhaltung "VumVerbrauchen zum Gebrauchen“ nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft.

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

  • Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom an verfügt iwwert Zousatzqualifikatioune déi fir deen Beräich interessant sinn;
  • Dir kënnt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch schwätzen (C1);
  • Dir sidd strukturéiert, organiséiert an kënnt gutt observéieren an dokumentéieren;
  • Dir sidd flexibel wat är Aarbechtszäiten uginn (Dages-an Nuetsschichten);
  • Dir sidd kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser.

MINDESTENS GEFUERDERTEDUCATIOUN

  • Première

FUERDERLECH BERUFFSERFARUNGA JOREN

  • 5 oder méi Joer

MIR BIDDEN

  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
  • E multidisziplinäert Aarbechtsfeld

Retour

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Contact
Service Recrutement
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour