Responsabilitéiten
Betreiung vun erwuessene Léit mat enger liicht intellektueller Beanträchtegung.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
- Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- De Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
