Op der Schock, asbl stellt an:
E Coordinateur fir eis Wunnstruktur (m/f/n), CDI 40 St./Woch
Missioun:
- Zesummen mam Chef de groupe d’Leedung vum Wunngrupp assuréieren a fir e gudde Fonctionnement suergen
- Zesummenaarbecht mam Chef de groupe an organisatoreschen an administrativen Aarbechten
- Ausschaffe vun de pädgogesche Betreiungspläng an enger pluridisciplinairer Equipe
- Ënnerstëtzung a Begleedung vun den Encadranten aus der Wunnstruktur an der Ëmsetzung vun de pädagogesche Betreiungspläng
- Punktuell d‘Upassung vu Schaffpläng iwwerhuelen
- De Chef de groupe ersetzen, wann deen am Congé ass
- Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtgung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
- Op Basis vun de Bedierfnisser an den Ressourcen vun dëse Leit, eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
- Mat der betreiter Persoun zesummen ee Projet de vie ausschaffen, dësen no enger Zäit kompetent evaluéieren an bei Bedarf nei formuléieren
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé
- Minimum 5 Joer Beruffserfarung mat Mënsche mat enger geeschteger Beanträchtegung
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Eng respektvoll, wohlwollend a léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht
- Freed a Motivatioun, den Equipegeescht ze fërderen
- Excellent Kommunikatounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert,…)
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
- Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen:
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C4
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
- Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) virum 31. Juli un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossierë gemaach
Fir weider Informatioune kënnt dir eis gäre kontaktéieren Tel: 00352 26 62 18 81 E-mail: recrutement@ods.lu
