RESPONSABILITÉITEN
Hues du Loscht am Beräich vun der Weiderbildung ze schaffen a folgend Missiounen ze erfëllen:
- Organisatioun an Entwécklung vu Formatiounen am Beräich vun der non-formaler Bildung,
- Entwécklung vu neie Formatiounsmodeller,
- Ausschaffe vu pedagogesche Projet'en,
- Austausch mat de Chargé'en bezüglech dem Besoin vun de Formatioune fir hier Ekippen,
- Recrutement vu neie Formateur'en fir ënnerschiddlech Zilgruppen (Dageselteren, Fleegefamilljen, edukatiivt Personal aus dem Beräich « Service d'Education et d'Accueil » an « Aide à l’Enfance et à la Famille »,
- Recherche an Evaluatioun vu pedagogeschen Inhalter fir d‘ Entwécklung vun neie Formatiounen.
OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN
- Du hues eng Qualifikatioun am Beräich Sciences Sociales et Educatives,
- Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung,
- Du hues Kenntnisser an der non-formaler Bildung,
- Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
- Du beherrschs d‘ Programmer MS Word an Adobe Pro fir administrativ Aarbechten.
MINDESTENS GEFUERDERT EDUCATIOUN
- Bachelor
ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNG A JOREN
- 5 oder méi Joer
MIR BIDDEN
- Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
