RESPONSABILITÉITEN
Mir sichen als Verstäerkung vun der Equipe dirigeante vun der Maison relais Rouspert/Mompech: Chargé de direction intérimaire (m/w) fir e Congé de maternité plus Congé parental ze ersetzen - 40 Stonnen/Woch CDI
Als Deel vun der Equipe dirigeante bass du responsabel fir d’administrativ Leedung, den organisatoreschen Oflaf an d’Personalentwécklung.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN
- Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projet’en
- Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden an hues mindestens 5 Joer Erfarung am sozio-edukative Beräich
- Du hues een a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master a Sozial- an Erzéiungswëssenschaften
- Du kanns selbstänneg schaffen
- Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser, all aner Sprooch ass vu Virdeel
MIR BIDDEN
- E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld
- Eng éischt Missioun (+/- 12 Méint) als Chargé de direction intérimaire
MINDESTENS GEFUERDERT EDUCATIOUN
- Bachelor
ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNG A JOREN
- 5 oder méi Joer
