Mir siche Verstäerkung!
Cadre-Référent fir e Fleegezentrum (W/M) 40 Stonnen/Woch (CDI CCT SAS)
Äer Missiounen:
- Dir koordinéiert a garantéiert den deeglechen Oflaf vum Fleegezentrum
- Dir sidd am Kontakt mam Client a senger Famill, an adaptéiert d’Déngschtleeschtungen no senge Besoinen
- Dir stitt am Kontakt mat de lokalen Dokteren a Prestataire fir eng vollwäerteg Prise en Charge vum Client ze garantéieren
- Dir encadréiert eng pluridisziplinär Equipe
- Dir sidd responsabel fir d’Organisatioun vum Service
- Dir sidd responsabel fir d‘Qualitéit an d’Kontinuitéit vun der Fleeg
- Dir participéiert un der Ausschaffung an der Ëmsetzung vu Qualitéitsstandarden
- Dir participéiert un der Entwécklung vum Betrib
- Dir evaluéiert d’Kompetenze vun äre Mataarbechter
- Dir participéiert bei der Astellung vun neie Mataarbechter
Äert Profil:
- Dir sitt Titulaire vun engem Diplome d’Infirmier oder engem Diplome d’Études supérieures an enger Autorisation d’exercer zu Lëtzebuerg
- Dir hutt e puer Joer Erfarung mat der Koordinatioun an der Leedung vun enger Equipe oder an enger similärer Funktioun
- Dir maîtriséiert Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Dir kennt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem an d’Struktur vun der Assurance Dépendance
- Dir hutt Erfarung an der Gestioun vu Qualitéitsprojeten
- Dir hutt Erfarung mat Kollektivverträg (SAS)
- Dir sidd dynamesch, autonom an organiséiert
- Dir maîtriséiert MS Office
- Erfarung mat den informatesche Programmer Grips a MOCCA sinn vun Firdeel
Sidd dir motivéiert an enger dynamescher Equipe am Soins à domicile ze schaffen?
Dann schéckt eis Är Kandidature, mat Curriculum vitae an enger Lettre de motivation
