arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Mir siche fir d'Kannerhaus Gréiwemaacher: Assistant pédagogique / Educateur gradué (m/w) - 30-40 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Responsabilitéiten
- Dir sidd responsabel fir d’Planung an den Suivi vun den Hëllefspläng an den Falldokumentatiounen
- Dir begleed a berod d‘Equipen bei der Ëmsetzung vum pädagogeschen Konzept
- Dir schafft am individuellen Setting mat Kanner an hierer Famill
- Dir koordinéiert d‘Kooperatioun mat de Familljen an externe Servicer
- Dir intervenéiert a Krisesituationen
- Dir stitt an Kontakt mat den Elteren, dir organiséiert an begleet Visitten vun Elteren bei den Kanner
Obligatoresch Ufuerderungen
- Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
- Dir hutt minimum 5 Joer Beruffserfahrung
- Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
- Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
Mir bidden
- Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld
