Aides socio-familiales (m/w) 20-40 St/W - Berbourg

Elisabeth
Localité L-1840 Luxembourg
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel Temps plein

Retour

Aides socio-familiales (m/w) 20-40 St/W CDI

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Begleedung an Hëllefsstellung vun eise Bewunner am Alldag
Professionellt Betreien a Fleegen vun eise Bewunner no de Richtlinne vun eisem Fleege- an Betreiungskonzept
Eegenverantwortlecht an eegenstännegt Ëmsetzen vun deenen am Team geplangten fleegereschen an betreiereschen Moossnamen
Duerch d'Matwierken am Haus an am Wunnberäich dozou bäidroen, dass d'Bewunner sech bei eis wuelfillen.

Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Eng Ausbildung als Aide Socio-Familale (m/w)
Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
Dës Plazen falen ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
Casier judiciaire no 4
Führerschäin Klass B
Eischt Hëllefscours

Delai fir d'Kandidatur: 27.10.2022

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an
dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt
ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Haaptmann's Schlass Berbuerg

Directeur:
Yves MORBY
4 Brucherstrooss
L-6831 Berbourg

Tel: +352 71 08 31 - 1

Retour

22, bd Joseph II
L-1840 Luxembourg
Contact
Ressources Humaines
Téléphone +352 45 07 74 4141

Retour