Administrativen Mataarbechter - Service Comibus (m/w)

Type de poste Durée indéterminée Temps plein

Retour

arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1000 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.


Mir siche fir eisen zukünftegen individuelle Begleedungsservice fir Schüler mat spezifesche Besoine am Schoultransport : een administrativen Mataarbechter (m/w) - 40Stonnen/Woch CDI

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

RESPONSABILITÉITEN

  • Gestioun vun den Planifikatioun Outil'en
  • Koordinatioun a Kommunikatioun tëscht de verschiddene Acteuren
  • Accueil téléphonique vu Client'en aus dem Sozialen Secteur an vun Mataarbecher
  • Dokumentatioun an Encodage vun Prestatiounen/Fichen
  • Redaktionnell Aarbechten
  • Encodage an Gestioun vu Clientsdossieren
  • Ëmsetzung an Iwwerwaachung vum pedagogeschen Konzept vum Service


OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

  • Du hues een DAP/CATP
  • Du hues Erfarung am administrative an organisatoresche Beräich
  • Du hues e gudde Kontakt mam Client
  • Du kanns flexibel an autonom an enger klenger Equipe schaffen
  • Du schaffs mat grousser Präzisioun a Grëndlechkeet
  • Du hues ganz gutt Kenntnisser am "MS Office"
  • Du kanns Lëtzebuergesch,Däitsch a Franseisch schwätzen a schreiwen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
  • Du hues e Führerschäin


MIR BIDDEN

  • Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
  • E multidisziplinäert Aarbechtsfeld

 

MINDESTENS GEFUERDERT EDUCATIOUN

  • DAP/CATP

 

ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNG A JOREN

  • 2 oder méi Joer

Retour

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Contact
Agathe Arnaize
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour