Mir siche fir direkt unzefänken, een Receptionnist/Administrative Mataarbechter (m/w) - 40Stonnen/Woch CDI fir eisen Accueil.
Responsabilitéiten
- Kontakt an Empfang vu Clienten, Livreuren a Fournisseuren
- Unhuelen a Weiderleedung vun Telefonater
- Verwalte vun de Bréiwer
- Verwalte vu Rendez-vouen a Meetingsräim
- Geréieren vum dem Inventar (Bürosmaterial, Miwwelen, Lager…)
- Duerchféieren vun verschiddene administrativen Aarbechten esou ewéi zum Beispill Sekretariats- an Archivéierungsaarbechten
- Léise vu prakteschen an organisatoresche Froe fir de Service
- Ënnerstëtze bei der Organisatioun vu Festivitéite fir d’Personal vun arcus asbl
Profil
- Dir hutt Erfarung am administrative Beräich
- Dir kënnt flexibel an autonom schaffen
- Dir schafft mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet
- Dir hutt eng kontaktfreedeg an oppen Perséinlechkeet
- Dir hutt ee staarken Teamgeescht
Bildung an erfuerderlech Kompetenzen
- Dir hutt een DAP oder ee BAC an hutt minimum 5 Joer Experienz an deem Beräich
- Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
- Dir hutt ganz gutt Kenntnisser am „MS Office“
Mir bidden
- E Gehalt an Avantagen am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
- E motivéierenden, multidisziplinäert Aarbechtsfeld an engem Service an Entwécklung
- E Schaffen a multikulturellen a dynameschen Equippen
- Aarbechtsstonnen, déi geleeëntlech eng Presenz am Owend an de Samschdeg ab Abrëll 2024 mat abezéien
Wann Dir un eiser Propose interesséiert sidd an Dir Iech an dësem Profil erkennt, da schéckt eis är Kandidatur eran.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
