Éducateur gradué - Kannerhaus Jonglënster (m/w)

Type de poste Durée indéterminée Temps partiel

Retour

arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1000 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.

 


Mir siche fir d’Kannerhaus Jonglënster: Educateur gradué - 20-30 Stonnen/Woch CDI

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

AUFGABEN

  • Dir sidd responsabel fir d’Planung an den Suivi vun den Hëllefspläng an den Falldokumentatiounen
  • Dir begleed a berod d‘Equipen bei der Ëmsetzung vum pädagogeschen Konzept
  • Dir schafft am individuellen Setting mat Kanner an hierer Famill
  • Dir koordinéiert d‘Kooperatioun mat de Familljen an externe Servicer
  • Dir intervenéiert a Krisesituationen
  • Dir stitt an Kontakt mat den Elteren, dir organiséiert an begleet Visitten vun Elteren bei den Kanner

 

UFUERDERUNGEN

  • Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom an verfügt iwwert Zousaatzqualifikatioune déi fir deen Beräich interessant sinn
  • Dir hutt minimum 5 Joer Beruffserfahrung
  • Dir kënnt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
  • Dir kennt den Aarbechtskader vum “Aide à l’enfance et à la famille” Gesetz, souwéi d’Virgaaben vun der “convention cadre”, an wësst déi am Alldag ëmzesetzen
  • Dir sidd strukturéiert, organiséiert an kënnt gutt observéieren
  • Dir sidd kompetent an der Entwécklung, Duerchféierung an Berodung vun Strategien bezüglechindividueller Hëllefsmoossnamen
  • Dir kënnt eng fachlech Dokumentatioun vum Hëllefsplangprozessopstellen

 

MIR BIDDEN

  • Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag

 

MINDESTENS GEFUERDERTEDUCATIOUN

  • Bachelor

 

ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNG A JOREN

  • 5 oder méi Joer

Retour

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Contact
Agathe Arnaise
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour