en-g pedagogesch-e Mataarbechter-in (m/w/d)

Ligue HMC
Localité L-8311 Capellen
Type de poste Durée indéterminée Temps partiel Temps plein
Catégorie Travailleur·euse social·e
Réf.: LA 09/26

Retour

Mir siche fir eise Formatiouns-Service “Life ACADEMY”
en-g pedagogesch-e Mataarbechter-in (m/w/d)
CCT SAS, carrière C6-C7
(Réf.: LA 09/26)
CDI 32-40 Stonnen/Woch

Är Missioun:

  • Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ënnerstëtzen op hirem Wee zur Selbstbestëmmung a Selbstvertriedung
  • Si beroden a begleeden am Respekt vun hirer Perséinlechkeet, hiren individuelle Ressourcen a mam Zil vu sozialer, kultureller an digitaler Inklusioun
  • Aktivitéiten selbstänneg plangen, duerchféieren an reflektéieren
  • Inklusiv Formatiounen organiséieren an halen, och am Beräich vun der Digitalisatioun
  • Weiderentwécklung vu bestoenden an zukünftege Projeten an direkter Zesummenaarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung

 

Äre Profil:

  • Teamfäegkeet a Fäegkeet fir selbststänneg ze schaffen a sech ze organiséieren
  • Begeeschtert sinn sech mat a fir Leit mat enger Beanträchtegung anzesetzen, si eescht huelen a partnerschaftlech mat hinnen zesummen schaffen
  • Sech gutt an einfach ausdrécke kënnen - Kenntnisser a liichter Sprooch si vu Virdeel
  • Oppen a kontaktfreedeg sinn a Loscht hunn, nei an innovativ Weeër ze goen
  • Energie, Dynamik a Gedold matbréngen, gutt nolauschteren
  • Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen
  • Gutt redaktionnell Kompetenzen hunn
  • Gutt informatesch an digital Kompetenzen hunn
  • Führerschäin Klass B hunn

Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.

Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 454 067.

Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.

D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne geschéckt ginn un:

Ligue HMC a.s.b.l.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
oder per Mail un [email protected]
www.ligue-hmc.lu

Retour

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact
Service Ressources Humaines
Téléphone +352 30 92 32 - 222

Retour

Postuler en ligne

Veuillez additionner 3 et 6.

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler